Froen ? Schreiwt eis op contact (@) hbk.lu

Virverkaf Final4 Loterie Nationale Coupe de Luxembourg !

D’Tickete fir Mëttwochs de Match vun den Häre géint den HBD, oder fir Donneschdes de Match vun den Damme géint den HB Esch kritt där entweder am Café des Sports Beim Schatzi zu Käerjeng, oder per SMS 691 277 034 (Marcel K.) oder per Email op ticx(@)hbk.lu

Déi 2 Matcher gi gespillt Gymnase vun der Coque um Kierchbierg a fänken all Kéier um 18:30 Auer un.

De Präis vun enger net nummeréierter Sëtzplaz am Käerjenger Block kascht 20 Euro pro Dag. Kanner bis 16 Joer hu fräien Entrée, mee dann awer just eng Stéiplaz, also keng Sëtzplaz. Stéiplazen (15 €) oder Stundententickets (7 € = Stéiplaz) gëtt et just an der Oweskeess.

Ären Avantage : Där huet eng Plaz am Käerjenger Block, där braucht net an der Oweskeess ze waarden an där hutt e gratis Billjee fir den ëffentlechen Transport fir an d’Coque ze kommen. Mam 21 bis op d’Stäreplaz, an da bréngt den Tram Iech bis bei d’Coque.

About the Author

By hbk_admin / Administrator, bbp_keymaster on