Froen ? Mailt eis op contact (@) hbk.lu

HBK Neijoersch-Patt 2019

Den Handball Käerjeng invitéiert all seng Memberen a Frënn ob den Neijoersch-Patt 2019.

Wéini : Sonndes 20.01.2018 ab 11:30 Auer
Wou : an der Sportshal „Um Dribbel“ zu Käerjeng
Ween : HBK Spillerinnen a Spiller (Jugend & Senior), Partner a Frënn vun eise Senior Handballspiller(innen), Eltere vun eise Jugendhandballspil-ler(innen), HBK Comité, FanClub a Frënn vum HBK
Gedrénks : offréiert vum Club
Iessen : 6 Menüen zur Auswiel a géint Bezuelung
Menü 1 : fir Erwuessener Choucroute Tarif 16.- €
Menü 2 : fir Kanner (14j. inkl.) Choucroute Tarif 13.- €
Menü 3 : fir Erwuessener Lasagne Tarif 10.- €
Menü 4 : fir Kanner (14j. inkl.) Lasagne Tarif 8.- €
Menü 5 : fir Erwuessener Lasagne Végétarienne Tarif 10.- €
Menü 6 : fir Kanner (14j. inkl.) Lasagne Végétarienne Tarif 8.- €

Aus organisatoresche Grënn ass et dofir onbedéngt noutwendeg fir sech unzemelle bis spéitstens Freides den 11. Januar 2019 an zwar exklusiv beim Martin Hummel
• per sms ob den 691 271 011
• oder per e-mail ob event@hbk.lu
onbedéngt mat folgenden Infos:
• Unzuel Persoune fir de Patt
• Unzuel Menüen an de Nummer vum Menü
• an ob een eventuell eng Taart/Kuch fir den Dessert matbréngt

(d’Bezuelung vun de Menüen per Iwwerweisung ob ee vun eise Konten w.e.g.)
BGL LU08 0030 5450 6051 0000
BIL LU86 0027 1543 9000 0000
CCPL LU31 1111 0805 8070 0000
CCRA LU38 0090 0000 0074 6412
ING LU21 0141 7497 6450 0000

Klickt hei fir d’Invitatioun am PDF Format opzemaachen !

About the Author

By hbk_admin / Administrator, bbp_keymaster on