De „Supporter Club Jugend vum HBK“ ënnerstëtzt aktiv an exklusiv den Jugendberäich vum HBK.

Ënnert dem Hutt vum Supporter Club organiséieren mär Aktivitéiten a Projete am Kontext zu Gonschte vun eise jonke Spiller/innen am Club.

Jiddereen kann hei matmaachen !

Där kënnt iech duerch är perséinlech Hëllef an Engagement an eng spezifesch Aktivitéit oder en spezifeschen Projet aktiv mat erabréngen.

Dir kannt awer och ons Jugend förderen mat engem eemolegen finanziellen Beitrag vun 150 € pro Saison.

Heimatter hëlleft där engersäits mat, en flotten an ofwiesslungsräichen Programm zu Gonschten vun eise jonke Spiller/innen ob d’Been ze setzen.

an anerersäits den Budget vun eisen Jugendequipen opzestocken, en Budget deen absolut noutwendeg ass fir ëmmer weider an eis Jugendtrainer, eist Sportsmaterial an eis Trainingslager ze investéieren.

Gläichzäiteg bidden mir dem generéisen Spender un :

 Säin Numm an eiser Brochure "Play Off"
 Säin Numm um grousse Panneau "Supporter Club Jugend" an der Buvette vun der Sportshal Am Dribbel
 Seng perséinlech "Supporter Club" Kaart
 Mat dëser Kaart, Gratis Entrée fir 1 Persoun all eis Heem-Matcher vun den Senior-Equipen (mat Ausnahm vun Coupe de Luxembourg an DHB Pokal)
 Een verre d’amitié an der Paus vun den Heem-Matcher vun eisen Senior-Equipen

Sidd dir interesséiert d’Jugend vum HBK
ob dësem Wee aktiv ze ënnerstëtzen ?

Dann wiere mer frou fir är Iwwerweisung vun 150 € ob den Konto vum HBK
ING LU21 0141 7497 6450 0000 oder CCRA LU38 0090 0000 0074 6412
mam Vermierk : "Supporter Club Jeunes 2014/2015“

Wëllt dir eis kontaktéieren, dann zeckt net an schreift eis ob

Handball ass Cool