Gëff Fan vum Handball Käerjeng a vum Roude Léiw op Facebook

Facebook ass eng Internet-Säit fir sozial Netzwierker opzebauen, déi vun der Firma Facebook Inc. mat Sëtz am kalifornischen Palo Alto bedriwwe gëtt. De 5. Februar 2010, zum sechsten Gebuertsdag vun der Websäit, hat d'Plattform eegene Aussoe no 400 Milliounen aktiv Benotzer weltwäit. Facebook zielt 162.600 Konten déi Lëtzeburg als Residenzland uginn (133.860 sinn 18 Joer a méi aal).
Mark Zuckerberg huet zesumme mat de Studenten Eduardo Saverin, Dustin Moskovitz an Chris Hughes Facebook am Februar 2004 op der Harvard University fir deenen hir Studenten gegrënnt. Duerno sinn ëmmer méi nei Useren beikomm. Am Fréijoer 2008 koumen d'Sproochen Däitsch, Spuenesch a Franséisch derbäi, ab dem zweete Quartal 2008 koumen ëmmer méi Sprooche bäi, haut ass ët méiglech Facebook a 70 Lännerspezifeschen Profiler ze kréien.
  Den Handball Käerjeng an de Roude Léiw Bascharage hunn elo och eng offiziell Facebook-Fansäit. Weiss elo op Facebook, dass en HBCB/Roude Léiw-Fan bass. Klick einfach op "J'aime"! Op eiser Fan-Säit kriss du déi leschte News, aktuell Terminer an aner Infos. Ausserdeem kanns du mat aneren HBCB/Roude Léiw-Fans diskutéieren.
D'Facebook-Memberschaft ass gratis - hei aschreiwen.
Weider op d'Handball Käerjeng a Roude Léiw Bascharage Facebook Säit